{"id":3710,"date":"2014-07-10T00:00:00","date_gmt":"2014-07-10T00:00:00","guid":{"rendered":"https:\/\/www.ffl.lu\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/"},"modified":"2020-08-04T10:40:58","modified_gmt":"2020-08-04T08:40:58","slug":"jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/","title":{"rendered":"\u201cJiddereen huet d&#8217;recht op d\u00e9i n\u00e4mmlecht saachen.\u201d"},"content":{"rendered":"<p><em><strong>Een Interview mam Anne Braun<\/strong><\/em><\/p>\n<p>D\u2019Anne Braun ass zr\u00e9ck aus dem Togo. Hatt schw\u00e4tzt mat eis an engem leschten Interview iwwer seng Volontariatserfahrungen.<\/p>\n<p><strong><em>Wat huet dech motiv\u00e9iert e Volontariat ze maachen? W\u00e9i bass du drop komm fir fortzegoen an sou w\u00e4it?<\/em><\/strong><\/p>\n<p>Fortgoen wollt ech souwisou schonn \u00ebmmer. Ech hu schonn am Ausland stud\u00e9iert an et gew\u00ebnnt een einfach vill m\u00e9i wann een an d\u2019Ausland geet. Ech hu friem Kulture g\u00e4r, friem Traditiounen. Ech reesen immens g\u00e4r a fir dann d\u2019Reesen mam Schaffen ze verbannen ass natierlech ideal. No mengem Criminologie-Studium hunn ech gemierkt datt ech m\u00e9i w\u00e9ilt mat Leit schaffen an et ass immens schw\u00e9ier hei zu L\u00ebtzebuerg an der Entw\u00e9cklungsh\u00ebllef \u2013 oh et ass e grousst Wuert, ech hunn et eigentlech net sou g\u00e4r \u2013 eranzekommen.<\/p>\n<p><strong><em>W\u00e9i g\u00e9ings du et dann nennen?<\/em><\/strong><\/p>\n<p>Ech weess et net,&nbsp;<em>Enw\u00e9cklungsh\u00ebllef<\/em>&nbsp;ass sou grouss\u2026 Jiddereen op der Welt huet dat Recht op d\u00e9i n\u00e4mmlecht Saachen a fir dat z\u2019\u00ebnnerst\u00ebtzen\u2026 mee&nbsp;<em>Entw\u00e9cklung<\/em>-\u2026 si sinn op verschidde Saache weiderentw\u00e9ckelt w\u00e9i mir. A jo, et ass eben am Volontariat am Einfachsten an d\u00e9i Beruffsspart eranzekommen. Et ass soss ganz schw\u00e9ier wann s du et net onbedingt stud\u00e9iert hues, do Fouss ze faassen. An dofir Volontariat.<\/p>\n<p><strong><em>Du wars am Togo, hues du do en typegen Alldag erlierft am Verglach mat L\u00ebtzebuerg?<\/em><\/strong><\/p>\n<p>Togo ass alleng vum Climat hir vill anescht. D\u2019Sonn geet vill \u00e9ischter op an um 19:00 Auer ass et stackd\u00e4ischter. Dat heescht et ass e ganz anere Rhytmus a wann ee moies opsteet g\u00ebtt et kee M\u00fcesli mat M\u00ebllech, mee et g\u00ebtt R\u00e4is mat Piment. A jo, da moies fr\u00e9i an der Klinik hu mer ugefaang an dann an der Klinik ebe geschafft an dann am Nom\u00ebtteg ebe mat de Kanner gespillt an dann ass et eben och schonn owes. An der Woch wann s de moies um 5:00 Auer opstees, da bass de owes och net m\u00e9i bis 21:00 waakreg. Wann et souwisou um 19:00 Auer stackd\u00e4ischter ass, gees de och net m\u00e9i sou onbedingt virun d\u2019Dier. Et ass ganz anescht, et ass e ganz anere Rythmus. M\u00e4i Kierper huet sech och wierklech ver\u00e4nnert. Awer sou en afrikanesche Rythmus hunn ech awer konnte matmaachen. Et ass genial. Well, d\u00e9i sti moies mam Hunn op an den Hunn dee kr\u00e9it dann um 7:00\u2026 nee, e kr\u00e9it um 5:00 fir opzestoen an dann um 7:00 an da gi se all op d\u2019Aarbecht. Da kr\u00e9it e g\u00e9int 11:00, well dann ass M\u00ebttegiessen. Um 15:00 kr\u00e9it en, da gi se heem. Um 17:00 kr\u00e9it en net m\u00e9i, da geet en n\u00ebmme m\u00e9i bei de Bam, da weess de och du muss rem heemgoen. Et ass herrlech! Du bass vill m\u00e9i verbonnen zu der Natur, dem Iessen, de Leit. Du bass vill m\u00e9i no un allem drun.<\/p>\n<p><strong><em>Du hues mat Kanner geschafft, d\u00e9i eng Hautkrankheet hunn, Buruli Ulcer. War et schw\u00e9ier fir dech mat deem Krankheetsbild auserneenzesetzen?<\/em><\/strong><\/p>\n<p>Jo, also ech menge meng Uni huet mech immens ofgeh\u00e4ert wat Wonnen ubelaangt, och bei Kanner, hunn ech ganz schrecklech Saache gesinn a stud\u00e9iert. Dofir war et fir mech eigentlech net sou schl\u00ebmm. An ech weess jo och, ech sinn dohinner gaang fir z\u2019\u00ebnnerst\u00ebtzen an do ze sinn. Natierlech waren eenzel F\u00e4ll, wou ech hu missten e puer mol d\u00e9if duerchootmen a mer geduecht hunn: \u201cdat kann dach net sinn\u201d. Awer, de Geroch war schl\u00ebmm, mee soss eigentlech net. Well si hunn do och en anere Bezuch dozou. Wann een dat lo hei g\u00e9ing bei eis matmaachen, wir dat nach ganz anescht. Mee si si m\u00e9i haart&nbsp;<em>im Nehmen<\/em>. An dat war bewonnerenswert.<\/p>\n<div>\n<p><strong><em>Wat war dann d\u00e4i pr\u00e4gnanst Erliefnis also am positive S\u00ebnn a vl\u00e4icht och am Negativen?<\/em><\/strong><\/p>\n<p>Am Positiven: Am grousse Ganze w\u00e9i een do opgeholl g\u00ebtt. Et ass alles selbstverst\u00e4ndlech, dat ass Wahnsinn. Positiv och nach ze gesinn, w\u00e9i si Saachen awer opgeholl hunn vun engem. Wann ee matenee schafft, sech mateneen \u00ebnnerh\u00e4llt. Den Austausch am grousse Ganzen dat war m\u00e9i h\u00e4erzlech, jo wierklech. Ganz einfach eben an da bass de direkt an der Famill an du bass direkt Tatta an du bass direkt Mama an et fillt een sech wuel. An et kuckt ee m\u00e9i no sech an ech si schonn direkt rem an dee Schema zr\u00e9ckgefall: dohannen steet een op, et deet een iergendeppes un an d\u2019geet een eraus an et seet ee wat ee w\u00ebllt an et m\u00ebcht ee wat ee w\u00ebll a wann ee Loscht huet eppes z\u2019iessen, dann \u00ebsst een eppes a wann ee Loscht huet dohinner ze goen da m\u00ebcht een dat.<\/p>\n<p>An Negativ\u2026 w\u00e9i schw\u00e9ier si et einfach hunn. Och wann si sech M\u00e9i ginn, et ass einfach vu ganz uewen, wou guer keng \u00cbnnerst\u00ebtzung k\u00ebnnt. Wou keng Budgeten do sinn, d\u2019Leit ginn net ausgebilt, an dat ass schrecklech. Et waren och zwee Kanner, d\u00e9i haten net Buruli, mee d\u00e9i ware mat hire Geschw\u00ebster do an d\u2019Elteren hate keng Suen, mee et gouf hinnen awer och net gehollef. Bei eis wann e Kand krank ass, da g\u00ebtt fir d\u2019\u00e9ischt mol gekuckt wat w\u00e9i a wou. Nee et si keng Suen do an dann ass och eent gestuerwen an dat ka jo awer net sinn. Just w\u00e9inst de Suen an dat well hatt eng kleng Gripp hat an dat ass duerno iwwergeschwappt\u2026 an da kanns de jo net uf\u00e4nken a soen: \u201cech ginn an d\u2019Apdikt\u201d\u2026 Et h\u00e4tt mech n\u00ebmmen zwee Euro kascht, mee et ass een net dofir do. An dat ass schrecklech, och ze gesinn w\u00e9i ee selwer seng Grenzen da kennel\u00e9iert\u2026 an ech hu mir och nach Virw\u00ebrf gemaach, well ech hu mer gesot, ech h\u00e4tt do k\u00e9inten eppes maachen.<\/p>\n<p><strong><em>War Afrika sou w\u00e9i s du dir et virgestallt hues?<\/em><\/strong><\/p>\n<p>Jo\u2026 also ech war jo schonn am Burkina Faso, an Tanzania an ech hat ebe Chance, well ech am Burkina och ee besicht hunn, deen e Volontariat gemaach huet. Et war nach eppes anescht am Togo, do waren d\u2019Leit nach m\u00e9i oppen. Ganz fr\u00ebndlech. Wa se n\u00e4ischt hunn, gi se der awer alles. Et ass Wahnsinn\u2026 Meng Schw\u00ebster huet mech besicht an u menger Schw\u00ebster konnt ech de Verglach gesinn. Ech hu mer owes d\u2019Fro gestallt: \u201cAnne bass du sou haart, bass du sou kal?\u201d Well hatt ass komm, hatt huet dat guer net verdroen. Mir waren dr\u00e4i Deeg an der Haaptstad an du sot hatt: \u201cAnne mir sinn hei an enger Haaptstad. Hei g\u00ebtt et mol keng getehrte Stroossen.\u201d Du si mer an d\u2019Klinik komm an ech sot him mir ginn net wou d\u2019Wonne sinn, mee hatt wollt dunn trotzdem, hatt wollt sech dat wahrscheinlech och selwer beweisen an hatt huet dat guer net verdroen an do ass hatt och ab deem Dag net m\u00e9i mat bei d\u2019Kanner gaangen. Hatt konnt et einfach net.<\/p>\n<p><strong><em>Hues du vl\u00e4icht nach ee Rotschlo fir d\u2019Leit heiheem, w\u00e9i se de Kanner am Togo k\u00ebnnen h\u00ebllefen, wann se w\u00ebllen?<\/em><\/strong><\/p>\n<p>Ech fannen et wichteg \u00cbnnerst\u00ebtzung ze ginn, lo wou ech an der Klinik war: an d\u2019Sant\u00e9 an dann an d\u2019Bildung. Well vill hunn einfach guer keng Chance op Schoul. Et ass n\u00e4ischt do, keng Suen a si mussen doheem och richteg eng Hand mat upaaken an do si Kanner mat 4 Joer, d\u00e9i droen W\u00e4scheemeren um Kapp an d\u00e9i hu mir gewise w\u00e9i ech meng T-Shirte soll w\u00e4schen \u2026 A vill Volont\u00e4ren erofsch\u00e9cken\u2026 wierklech. Et ass wichteg, net n\u00ebmmen fir ee selwer, awer och fir si. Alleng den Ausstausch. Och wann s du dohinner k\u00ebnns an du hues r\u00e9ischt deng Premi\u00e8re an du weess am fong guer n\u00e4ischt. Dat ass egal, du k\u00ebnns awer mat Ideen dohin. Oder\u2026 et kl\u00e9ngt lo vl\u00e4icht platt, mee leng datt s de w\u00e4iss bass ass fir d\u2019Kanner eng mega Ofwiesslung, dat ass Action. Du s\u00ebtz dech dohinner a si hunn eng ze dinn. Volont\u00e4re rofsch\u00e9cken. A Leit d\u00e9i irgendsw\u00e9i Cooperatioun stud\u00e9iere ginn, deene g\u00e9ing ech souguer uroden hei g\u00e9i fir d\u2019\u00e9ischt dohinner, well et ass awer net esou\u2026 Ech hat wierklech Chance datt ech am Burkina war, soss h\u00e4tt ech wahrscheinlech d\u00e9i 2 \u00e9ischt Wochen net sou einfach gemaach. Mee sou war et oh jo, ech kennen. Et ass ok (laacht). Ech g\u00e9ing muer direkt rem zr\u00e9ckgoen.<\/p>\n<\/div>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Een Interview mam Anne Braun D\u2019Anne Braun ass zr\u00e9ck aus dem Togo. Hatt schw\u00e4tzt mat eis an engem leschten Interview iwwer seng Volontariatserfahrungen. Wat huet dech motiv\u00e9iert e Volontariat ze [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":3334,"comment_status":"open","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[639],"tags":[674,543],"class_list":["post-3710","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","hentry","category-non-classe-de","tag-interview-de","tag-togo-de"],"acf":[],"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.1.1 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>\u201cJiddereen huet d&#039;recht op d\u00e9i n\u00e4mmlecht saachen.\u201d - Fondation Follereau Luxembourg<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"de_DE\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"\u201cJiddereen huet d&#039;recht op d\u00e9i n\u00e4mmlecht saachen.\u201d - Fondation Follereau Luxembourg\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Een Interview mam Anne Braun D\u2019Anne Braun ass zr\u00e9ck aus dem Togo. Hatt schw\u00e4tzt mat eis an engem leschten Interview iwwer seng Volontariatserfahrungen. Wat huet dech motiv\u00e9iert e Volontariat ze [&hellip;]\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"Fondation Follereau Luxembourg\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2014-07-10T00:00:00+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2020-08-04T08:40:58+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/ffl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/07\/IMG_1595-758x600-1.jpg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"758\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"600\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"mark\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Verfasst von\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"mark\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Gesch\u00e4tzte Lesezeit\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8\u00a0Minuten\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/\"},\"author\":{\"name\":\"mark\",\"@id\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/#\/schema\/person\/ccaebb96539db056e9ae500a3add55dd\"},\"headline\":\"\u201cJiddereen huet d&#8217;recht op d\u00e9i n\u00e4mmlecht saachen.\u201d\",\"datePublished\":\"2014-07-10T00:00:00+00:00\",\"dateModified\":\"2020-08-04T08:40:58+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/\"},\"wordCount\":1516,\"commentCount\":0,\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/ffl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/07\/IMG_1595-758x600-1.jpg\",\"keywords\":[\"Interview\",\"Togo\"],\"articleSection\":[\"Non class\u00e9\"],\"inLanguage\":\"de\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/\",\"url\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/\",\"name\":\"\u201cJiddereen huet d'recht op d\u00e9i n\u00e4mmlecht saachen.\u201d - Fondation Follereau Luxembourg\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/ffl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/07\/IMG_1595-758x600-1.jpg\",\"datePublished\":\"2014-07-10T00:00:00+00:00\",\"dateModified\":\"2020-08-04T08:40:58+00:00\",\"author\":{\"@id\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/#\/schema\/person\/ccaebb96539db056e9ae500a3add55dd\"},\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"de\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"de\",\"@id\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/ffl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/07\/IMG_1595-758x600-1.jpg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/ffl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/07\/IMG_1595-758x600-1.jpg\",\"width\":758,\"height\":600},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"\u201cJiddereen huet d&#8217;recht op d\u00e9i n\u00e4mmlecht saachen.\u201d\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/#website\",\"url\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/\",\"name\":\"Fondation Follereau Luxembourg\",\"description\":\"Tout seul, on va vite. Ensemble, on va plus loin\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"de\"},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/#\/schema\/person\/ccaebb96539db056e9ae500a3add55dd\",\"name\":\"mark\",\"image\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"de\",\"@id\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/#\/schema\/person\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/secure.gravatar.com\/avatar\/ce96f9eedffc79eab8c7d97078b476a4df2ed3579c296fed4e23db8a1c05703c?s=96&d=mm&r=g\",\"contentUrl\":\"https:\/\/secure.gravatar.com\/avatar\/ce96f9eedffc79eab8c7d97078b476a4df2ed3579c296fed4e23db8a1c05703c?s=96&d=mm&r=g\",\"caption\":\"mark\"},\"url\":\"https:\/\/ffl.lu\/de\/author\/mark\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"\u201cJiddereen huet d'recht op d\u00e9i n\u00e4mmlecht saachen.\u201d - Fondation Follereau Luxembourg","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/","og_locale":"de_DE","og_type":"article","og_title":"\u201cJiddereen huet d'recht op d\u00e9i n\u00e4mmlecht saachen.\u201d - Fondation Follereau Luxembourg","og_description":"Een Interview mam Anne Braun D\u2019Anne Braun ass zr\u00e9ck aus dem Togo. Hatt schw\u00e4tzt mat eis an engem leschten Interview iwwer seng Volontariatserfahrungen. Wat huet dech motiv\u00e9iert e Volontariat ze [&hellip;]","og_url":"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/","og_site_name":"Fondation Follereau Luxembourg","article_published_time":"2014-07-10T00:00:00+00:00","article_modified_time":"2020-08-04T08:40:58+00:00","og_image":[{"width":758,"height":600,"url":"https:\/\/ffl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/07\/IMG_1595-758x600-1.jpg","type":"image\/jpeg"}],"author":"mark","twitter_card":"summary_large_image","twitter_misc":{"Verfasst von":"mark","Gesch\u00e4tzte Lesezeit":"8\u00a0Minuten"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/"},"author":{"name":"mark","@id":"https:\/\/ffl.lu\/de\/#\/schema\/person\/ccaebb96539db056e9ae500a3add55dd"},"headline":"\u201cJiddereen huet d&#8217;recht op d\u00e9i n\u00e4mmlecht saachen.\u201d","datePublished":"2014-07-10T00:00:00+00:00","dateModified":"2020-08-04T08:40:58+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/"},"wordCount":1516,"commentCount":0,"image":{"@id":"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/ffl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/07\/IMG_1595-758x600-1.jpg","keywords":["Interview","Togo"],"articleSection":["Non class\u00e9"],"inLanguage":"de"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/","url":"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/","name":"\u201cJiddereen huet d'recht op d\u00e9i n\u00e4mmlecht saachen.\u201d - Fondation Follereau Luxembourg","isPartOf":{"@id":"https:\/\/ffl.lu\/de\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/ffl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/07\/IMG_1595-758x600-1.jpg","datePublished":"2014-07-10T00:00:00+00:00","dateModified":"2020-08-04T08:40:58+00:00","author":{"@id":"https:\/\/ffl.lu\/de\/#\/schema\/person\/ccaebb96539db056e9ae500a3add55dd"},"breadcrumb":{"@id":"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/#breadcrumb"},"inLanguage":"de","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"de","@id":"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/#primaryimage","url":"https:\/\/ffl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/07\/IMG_1595-758x600-1.jpg","contentUrl":"https:\/\/ffl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/07\/IMG_1595-758x600-1.jpg","width":758,"height":600},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/ffl.lu\/de\/2014\/07\/jiddereen-huet-drecht-op-dei-nammlecht-saachen\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/ffl.lu\/de\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"\u201cJiddereen huet d&#8217;recht op d\u00e9i n\u00e4mmlecht saachen.\u201d"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/ffl.lu\/de\/#website","url":"https:\/\/ffl.lu\/de\/","name":"Fondation Follereau Luxembourg","description":"Tout seul, on va vite. Ensemble, on va plus loin","potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/ffl.lu\/de\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"de"},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/ffl.lu\/de\/#\/schema\/person\/ccaebb96539db056e9ae500a3add55dd","name":"mark","image":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"de","@id":"https:\/\/ffl.lu\/de\/#\/schema\/person\/image\/","url":"https:\/\/secure.gravatar.com\/avatar\/ce96f9eedffc79eab8c7d97078b476a4df2ed3579c296fed4e23db8a1c05703c?s=96&d=mm&r=g","contentUrl":"https:\/\/secure.gravatar.com\/avatar\/ce96f9eedffc79eab8c7d97078b476a4df2ed3579c296fed4e23db8a1c05703c?s=96&d=mm&r=g","caption":"mark"},"url":"https:\/\/ffl.lu\/de\/author\/mark\/"}]}},"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/ffl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/3710","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/ffl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/ffl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/ffl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/ffl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=3710"}],"version-history":[{"count":2,"href":"https:\/\/ffl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/3710\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":4110,"href":"https:\/\/ffl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/3710\/revisions\/4110"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/ffl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media\/3334"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/ffl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=3710"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/ffl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=3710"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/ffl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=3710"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}